top of page
logo.png

Extensioun vun engem Reienhaus zu Bouneweg - Lëtzebuerg   

 

Wonsch vum Client war et, dëst stilvollt Reienhaus aus den 1920er-Joren zum Gaart hin ze erweideren, fir d'Gréngs vum Gaart a virun allem Luucht an d'Haus eran ze huelen. 

Fir trotz der Hausdéift duerch den Ubau genuch Luucht an d'Mëtt vum Haus ze kréien, geet den Ubau net iwwert di ganz Breed vum Haus mee erméiglecht duerch eng raumhéich Iwereckverglaasung e maximale Liichtafall an d'haus a bitt gläichzäiteg eng direkt Verbindung vun der Kichen iwwert e klenge Balcon an de Gaart. 

Duerch eng natierlech a virbewittert Holzfassade hieft dee verglaasten Ubau sech vum Keller of a brécht esou d'Héicht vun deem schmuelen Haus a léisst et esou méi grousszügeg erschéngen.

     

bottom of page